Scheiffer vun Asselbuer Frailiicht Theater zu Wëntger
Een Organisatiounscomité vun 13 Fräiwëlliger honn sich Afank 1995 beieneen fondt, fiir déi gréissten an spektakulärsten Fräiliichttheater-Opféirung an der lëtzeburger Geschicht zë organiséieren.
180 Akteuren an Statisten, 70 Musiker, 30 Sänger an 50 Fräiwëlliger fiir den Entrée an d'Restauratioun, goufen zesammen getrommelt. Iwer 300 Légd aus der Wëntger Gemeng an den Nopeschgemengen honn Bénévol mattgewiirkt.
D'Buehn woor den ganzen Foussballsterrain zu Wëntger beim Schoulhaff, wou op der enger Säit d'Duarref Aasselburren an op der anner Säit d'Kliärfer Schlass von den Wëntger Schreiner nogebaut gouf. Eng Tribüne von 600 Plaatzen woor am Schoulhaff opgeriicht giän. Wooren am Afank 3 Viirstellungen geplangt giän, sou as Sonndës nach eng 4 derbäi kommen, wou dunn nach Stéihl virron d'Tribüne gesaat goufen, sou datt insgesamt eng 2.500 Zuschauer konnten bannen 4 Owender zu Wëntger begréisst giän, een Erfollig, matt dem keen gerechent haat.
D'Musik fiir d'Stéck woor vom Jean-Michel Treinen geschriwen an von der Wëntger Musik live während den Viirstellungen gespillt giän.
Vom jiingsten Kand matt 3 Joër bis zum deemoligen Èireburgermeester Henri Wenkin matt 78 Joër, all wooren së matt Begeesterung derbäi an vill denken sëcher nach dacks zeréck on den July 1995, wou zu Wëntger den "Schéifer van Aasselburren" gespillt gouf.