MEMOIRE
JOS MOLITOR

Jos Molitor-1.jpg
 
 
Children are our most valuable resource.
— Herbert Hoover, 31st President of the United States

MILESTONES

WËNTGER THEATERFRENN
GOSPELCHOUER
GESANK
KULTURKOMPASS WËNTGER
FRAILLIICHTTHEATER WËNTGER
DANZSCHOUL
TELEVIE - BAPTÊMES D’AIR EN HELICOPTÈRE
JUGENDKONSCHTPRAISS

 
Luxemburger Wort, 03.02.2009

Luxemburger Wort, 03.02.2009

De Kulturkompass an d'Danzschoul van Wëntger traueren ëm hire President a Kolleg, de Jos MOLITOR van Houffelt, deen eis den 7.November 2008 am Alter van 53 Joër no schwéirer Krankheet ganz onerwaart fir ëmmer verlossen hat. Beim Begräfnis a sengem Heemechtsduaref haaten sëch vill Frënn van no a wäit, Kollegen aus villen Veräiner, Aarbichtskollegen aus allen Deeler vam Land afond fir de Jos op sengem lëste Wee ze begleeden.

Wéi mer no enger Versammlung mam Jos va senger Krankheet gewaren goufen, esou wor dëst fir eis all ee Schock. Trotz allem wore mer iwerzeecht, Jos, dass Du deng Krankheet iwerstoen géifs, an am neie Joër erëm mat vollem Asaatz an eisen Versammlungen derbäi wiirs.
Mee ët sollt nët sën. Wéi d'Noriicht koum, dass Du eis verlossen has, wor daat fir eis all ee schwéieren Moment.


Screenshot 2019-02-01 at 18.19.50.png

JOS,

Däin Liewen haat engt onerwaard schnellt Ënn.

Mee d'Spuren van dengem Liewen wärten a Gedanken an a Bilder ëmmer an eiser Errënnerung sën.

Du wärs ëmmer an der Mëtt vam Kulturkompass an der Danzschoul bleiwen.


Säit 2004, wou's Du d'Danzschoul gegrënnt has, ha mer mat Der nogedaacht, geplangt, geschafft, gestridden a viran allem gelaacht. Keng Versammlung mei mat der, keng Prouf van eise Kanner a Jugendlichen méi wou's Du luusse kënns a keng Show 2009 mat Der. Déi Show déi Der ëmmer esou wichtig war, wou's Du mat vollem Asaatz, der néidiger Rou, Gedold a villem Laachen geschafft has, musse mer ouni Dich maan.

Ët wor Der ëmmer wichtig zesaamen ze schaffen an Du konns wéi keen zweeten d'Legd motivéiren an encouragéiren fir daat Best ze gien. De Comité wärt verséichen däin ageschloene Wee an deng Visiounen am Sënn van alle Kanner a Jugendlichen weider ze féieren an hinnen soumat eng sënnvoll Fräizäitbeschäftigung erméiglichen.

Screenshot 2019-02-01 at 18.20.00.png

JOS MOLITOR

✵ 1955-2008 ✝
FATHER,
BROTHER,
HUSBAND
& FRIEND

Deng Frënn aus dem Comité, d'Kanner an d'Trainere soën Der MERCI fir deng wertvoll Frëndschaft däin dynamischen Asaatz an dengt engagéiert Schaffen am Sënn van der Kultur fir Jonk an Aal.

De Comité vam Kulturkompass an d'DanzschoulWëntger.

The potential possibilities of any child are the most intriguing and stimulating in all creation.
— Ray L. Wilbur, third president of Stanford University

LIVRE SOUVENIR

Jos, to You & Your Familiy.

As for many amongst us we may not have have a deep personal relationship, though the benefit of your passionate work, your dedication and restless committment to a.o. the children's dancing course has been and still is to the benefit and greatest pleasure to our kids. Whereas you did on the one handside work very hard for the centre, my daughter still refers to you as the "funny uncle" appearing behind the scenes of the Gala. THANK YOU for both!

When someone passed away one should not stick to sadness and cry about the loss, but rather sit back & smile ... thinking back to the good moments & keep alive the memories. Please All - join me in that!

./.

LUCIEN, EMMY, JO, VIC - KAUNDORF

 

Léiwe Jos,

Mat all denge Pläng an iddien déi's Du nach haas, hätt ech gewënscht Du wiirs 100 Joër aal gin. Ganz sécher hoas du do, wou's Du elo bass, ganz vill Aarbicht a bass wéi ëmmer am "schaffen". Du wärs eis beim Kulturkompass fehlen an ech denken vill un déi schéi Stonnen zrèck, wou mir matneen geschafft a gelaacht hoan. Du wars a bleiws eis alleguer e gudden a wertvollen Frënd. Och wënschen ech mir, datt all déi Legd déi mat Dir u verschiddenen Projet'en geschafft hoan, déi néidig Kraaft fannen, dës an dengem Sënn verun ze féihren an zu Ënn brengen.

Äddi Jos, ganz sécher gesin mir eis eng Kéier rëm an hoan eis vill ze erzeehlen. Tessy

Tessy Berg - Hamiville

 

O Jos,

Wei oft hun ech zu dir gesoot: "Dir misst een den Handy ofhuelen" ... An haut deet et mer wei dat dain Numm nit mei ob mengem Handy erschengt...

Mir soutzen dei 1. Keier an der Denkfabrik zesummen, an du Hues als President eis obgefuerdert eis Ideen ob den Desch ze brengen. Ech soot zu dir, zu Houffelt steet daat Reiteschhaus eidel do ze verkommen, an et wier flott wann mer eppes Kulturelles do keinten ob d'Been setzten, an dun sooss du: Ech hun nach eng Anner Iddi, wei wier et dann wann mer mei Wait geifen goen an daat mat den Schieffergrouwen ob der Eemeschbach verbannen.

Sou wor dun den Groschen gefall, vir eent Konzept ob d'Been ze setzen, an du hues mech matgerappt vir den Projet ze realiseieren. Knapps een Joer Drop haaten mer dun d'Actew gegrennt ...

Ech hun vun Dir ganz vill geleiert, waat mech Frou mecht, an ech hätt na gaeren souvill vun der geleirt, mat der diskuteiert, mat der geplangt, an alles faerdeggemaach ...

... mee lo muss ech daat ouni dech hinkreien, ...

Leiwe Jos,

Du hues esouvill drangestach, esouvill gin, esouvill geschenkt... Mir waerten ob dengem Wee Virungoen, daat zu en Enn brengen waat mer zesummen Ungefaang hun, an eisen Kanner eppes hannerlossen wou se Stolz ob eis kenne sin... Du hues eis gewissen wei et geet, mir waerten et an dengem Sënn weiderfeieren an, an Eieren haalen ...

Merci Jos

SANDRO DIMOLA - WINCRANGE

 

When all our tears have reached the sea, a part of you will live in me, way down inside my heart. The days keep coming without fail, I will always remember you, when I cannot sleep, when the sun comes up, when it rains outside…

Dear friends of Jos,

Our children and I are so thankful to you all for caring about the very deep loss of our father, friend, pal and husband. We will not forget nor will we heal but we will go on and live with him as our reason as he would have liked to have done with us at his side.

As Jos’ wife it was extremely hard to share him with so many projects and so many appointments. He was my only family here and my everything. We decided he needed to dedicate himself to his beloved Eisleck and so we did just that. It was privately not easy but rather courageous of us both to let go of a dearly loved person. As if he knew he had limited time to give the world all he had left. A flower that bloomed and his autumn came. Jos and I have been together for over 33 years and very happy and also sad, we managed against all odds. He was a wonderful father to our children and a fabulous partner in life. Always ready to discover the world but also very realistic. We could always count on him. We could always be sure he knew what was right for us and to give a kind or encouraging word. We were invincible as a team.

Without a doubt our Jos will be missed and his drive to get the North to a point where all of Luxembourg would look to as a great example of personal initiavtive of its citizens and where people could live and also people could work : a perfect combination of nature and good living conditions.

I will never accept that Jos has left us forever but as the bible promises us that he is with us each day in our hearts and in whatever we see we are comforted. He is not gone but awaits us all at the end of our days. May we all continue and finish his many projects and even continue in Jos’ spirit to create new projects and bring them to life and completion and make Jos proud of d’Eisleck that he never wanted for one second to abandon but to love until death do us part.

This has been difficult to write our hearts are very full, but I hope you who have taken the time to read this at least can understand how thankful I and our children are that this world shared in Jos’ dreams and were part of his time on this earth.

If we can be of help in anyway to anyone with Jos in mind please let us know.

Merci to Fernand Delosch « Esch bieden, dass deng Séil hire Fridde fënnt an der Onendlechkeet »

When you don’t know what to do, do what Jos would do : try and try some more, try a different approach but never give up.

SHARON & ULJANA, GREGORY & MEGAN - HOUFFELT


 

Leiwen Jos, ech sin freu dass du eis eng Danzscheul gegrent hus, merci Jos. Häerzlechst Bäileed.

MAY CHRISTELLE - BOXHORN

 

C'est avec une grande consternation et tristesse que j'ai appris le décès si prématuré de Jos Molitor. Je n'ai fait sa connaissance que depuis peu et je n'ai pu qu'admirer son engagement pour promouvoir la culture au Nord du pays. Moi-même fervente adepte de la danse, trouve que c'est formidable ce qu'il a fait pour qu'enfin les enfants, les jeunes et adultes de l'Oesling puissent connaître les plaisirs de la danse sans devoir faire des kilomètres de route . J'espère qu'en hommage à Jos Molitor tous les participants de la " Danzschoul Wëntger" auront la force de continuer avec la même énergie.

A tous les proches de Jos Molitor je présente mes condoléances et sentiments de compassion

PEIFFER - ASCHMAN BETSY - MECHER/ CLERVAUX

 

D`Schicksal an de Misère werfen emmer nei Froën op, eigentlich konne mer et neck begreifen déi gudd Idien an Orbichten déi de Jos fir d`Wëntger Gemeng gemat hott ( verschidden Idien fir an senger Pension, hat heen sougor nach am Tirang leien ,an hee krutt d`Gelegenheet leider neck méi fir se eraus zehuelen.) Nei Veräiner , Naturpied, Photoen, Leekaulen ................an an, nom Begräfnis senn ech an d`Helzer Klaus gefoeren, an honn Geschicht von der Klaus gelauschtert, an einfach MERCI JOS.

Ech hoffen daat mer elo zum Deel déi Projëen mat dengen Kollegen réalisèiert kreien weit du der daat virgestalt hass.

WEBER CARLO - BRACHTENBACH

 

4 juin 2005, Centre Culturel de Wincrange, 1er gala de l’école de danse.

A peine 3 ans et demi, c’est l’âge de notre amitié, et pourtant…

Immense est la tristesse que tu laisses derrière toi, elle est à l’image de la perte d’un ami de toujours.

Tu es parti trop vite, sans nous donner l’occasion de te revoir, ni de te dire à quel point tu comptais pour nous.

Nos entretiens, nos réunions, tes idées parfois un peu folles, tes éclats de rires,… tout cela va nous manquer.

Te connaissant, là où tu es, tu vas nous préparer un « Danz Gala » exceptionnel avec ceux qui, comme toi, sont partis trop tôt.

Garde nous une place pour la première, mais rien ne presse, nous attendrons que tout soit parfaitement au point avant de te rejoindre.

Merci pour ton amitié,

André et Juliette

ANDRE PASO ET JULIETTE MAJERUS - BOEVANGE

 

Léiwe Jos,

Virun 3 Joër hun ech dech kennegeléiert, wou's du de Kapp voller Ideen has, an du engagéiert Leit gesicht hues, fir zesumme mat dir een Deel vun dengen Proje'en emzesetzen. Ech hun während dëser Zait munches gesinn an erliewt an och dobai geléiert. Virun allem awer hun ech een Mënsch kennegeléiert, deen emmer motivéiert war a sech selwer ni ze Schued fir eppes war. Spontan fällt mir een Satz vun dir an. "Wann's de bei engem Projet net méi weider kënns, bleiw nët dobai stoën, géi weider an probéier dat nächst emzësetzen, ët huet kee Sënn Zait ze verléieren..."

Ech konnt mir nët emmer direkt ee Bild vun dengen Ideen machen, mee well ech un dech gegleewt hun, hun ech probéiert dech ze verstoën an dech ze ënnerstëtzen. Duerch deng Antriebskraaft an dain Asatz hues du bewisen, waat een eenzelne Mënsch an eiser heutigen Gesellschaft bewegen, an op d'Been stellen kann.

Du has d'Visioun fir aus eiser Regioun een kulturellen Bijou ze machen. Zesummen mat der Denkfabrik, spéider der ACTEW an der Ennerstëtzung vun der Wëntger Gemeng gët Schrëtt fir Schrëtt realiséiert.

Du wars een offenen an awer diskreten Mënsch.

Merci fir deng Frëndschaft an deng Zesummenarbecht

Sandra Thinnes, d'Architektin

un d'Kanner an d'Famill vum Jos:

mir hun ee gudde Mënsch verluer, ech wënschen Iech vill Kraft an Courage an dëser schwéirer Zait

SANDRA THINNES - BOEVANGE

 

Léiwe Jos,

No dressig Joer Frëndschaft an zesame Schaffen, wosse mer neck wéi mer sollen däin Verlost verkrafften.

Spontan denken mer doran wéis du äis froots : Waat hält der van enger Danzschoul zu Wëntger ?

Oh mei, mer ha keng Ahnung va sou eppes. Walz, Marche a Polka kruten mer jo rund, mee déi modern Dänz..... an wén soll sech mellen wor eis Fro.

Deng typisch Reaktioun, kee Problem, bei manner wëi 40 Aschreiwungen ass et vam Dësch an mer denke net méi doriwer no.

Wéi et deng Art wor guff direkt Reklam gemaat an no engem Mount haten mer iwer 80 Aschreiwungen.

Dest Joer sen 160 Kanner a Jugendlicher ageschriwwen. Trainéiert gien se vam Caroline, waat wéi de Jos na am Fréijoer sot en Goldgrëff wor.

Du has nëmmen sou gespruddelt van Iddien, knaps has du se gesoot wolls du se well direkt ëmsetzen.

Dat wats du am mesten gehasst hass wor wann een oder eppes dich wollt bremsen.

Wor alles am loofen guffs de ongedellich a kribbelich an dat next koum op den Dësch.

Mer hoffen dat mer mam Comité an dengem Sënn viraschaffen mäi du wärs eis ëmmer feelen.

Jos, mer wënschen eis dat va mer dripsen an trëntelen oder färten eppes Neies durch ze setzen dass du eng Méiglichkeet fënns fir eis eng Kéier ze juppen.

Äddi Jos,

Marianne a Franz

MARIANNE A FRANZ HANESCH-SCHMIT - WILWERDANG

 

Léiwe Jos,

Du bass vill ze frei van eis gaangen. Du bass e grousse Verloscht fir Kultur van der Gemeng Wëntger a fir mech.

Du has ëmmer een offent Ouer fir dee klengste Problem an has versicht ze hëllefe wou et nëmme gong. Esch hoffen, dass déi kreative Geescht nach laang an de Käpp vun de Leit weider lieft an esou deng vill Wënsch fir Gemeng Wëntger an Erfëllung gi.

Esch bieden, dass deng Séil hire Fridde fënnt an der Onendlechkeet.

Fernand Delosch

DELOSCH FERNAND - DEIFFELT